Europeos.es : Inicio > Oferta de empleo en Luxemburgo > Psicólogos > Psycholog (m/f)

en Español in English auf Deutsch en Français ...

Psycholog (m/f). Luxemburgo

Vacantes en Luxemburgo de Psicólogos

Clasificación del trabajo: Profesionales científicos e intelectuales › Profesionales en derecho, en ciencias sociales y culturales › Especialistas en ciencias sociales y teología › Psicólogos.

Traducción de la profesión: Akademische Berufe › Juristen, Sozialwissenschaftler und Kulturberufe › Sozialwissenschaftler, Geistliche und Seelsorger › Psychologen.

Descripción de la oferta de trabajo:

D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hire « Centre Ressource Parentalité » - ee Psycholog / Master an der Psychologie oder Psychothérapie (w/m/x) fir ee CDI - 20 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann den Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Är Missiounen a Responsabilitéiten

Är Missiounen a Responsabilitéiten

    individuell Begleedung vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung zu den Themen: Kannerwonsch, Schwangerschaft & Eltere sinn

    reegelméisseg, begleedend an ënnerstëtzend, Gespréicher mat den Elteren doheem féieren

    Evaluatioun vun der Entwécklung vun de Kanner an hirem Liewensëmfeld

    Elaboratioun vu Bilane fir eng „évaluative-hypothèse diagnostique »

    déi Professionels, an der Begleedung vun den Elteren, ennerstëtzen

    Elaboratioun, Organisation & Animatioun vu partizipative Workshops fir d'Elteren

    Animatioun vu Formatiounsmoduler fir d'Wësse vun de Professioneller, zu den Themen Beanträchtegung an Eltereschaft, ze erweideren

Äre Profil

    Dir sidd am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom (Master en psychologie, psychothérapie)

    Dir hutt berufflech Erfarung a sidd bereet an der Familljenaarbecht bei de Familljen doheem, an der Zesummenaarbecht mat den Equipen an am insitutionelle Reseau ze schaffen

    Dir hutt eng Liichtegkeet an der individueller Gespréichsféierung an an der Leedung vu Gruppesettings

    Dir schwätzt déi 3 Landessproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch), all weider Sprooch ass vu Virdeel

    Dir sidd empathesch, hutt e gudden Emgang mat Mënschen, en ausgepräägten Teamgeescht an eng grouss Kapazitéit fir nozelauschteren an Iech unzepassen

    Dir sidd verantwortungsbewosst, autonom an hutt Erfarung fir Berichter op däitsch a franséisch ze schreiwen

    Dir hudd de Führerschäin Klass B

Wënschenswäert Ufuerderungen

Zousatzsqualifikatiounen an Erfarung am Beräich vum Handicap an der Entwécklung vu Kanner si vu Virdeel.

Mir bdiden

    attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.

    en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

País del trabajo: Luxemburgo.

Número de puestos: 1.

Nivel educativo: Máster o nivel equivalente.

Experiencia: 2 años.

Con permiso de conducir: b.

Empleador: APEMH Hébergement et Services A.S.B.L..

Instrucciones para solicitar:

Vous êtes invité à introduire votre candidature par le site internet : https://bit.ly/3Ul8JiJ

Oferta de trabajo obtenida del portal Eures, con fecha 26 de Abril de 2024, y con identificador de la vacante:PES_LU_721815.

Ver las 50 ofertas de trabajo de Profesionales científicos e intelectuales › Profesionales en derecho, en ciencias sociales y culturales › Especialistas en ciencias sociales y teología › Psicólogos ofertadas.

Ofertas de trabajo similares: